Wat planzen, wéini a wou?

 Technesch Informatiounen iwwert Planzen

Hei kënnt der Iech technesch Informatiounen zu villen Planzen am Gaart eroflueden :

plantes jardin pédagogique

Hei ass eng Lëscht mat interessante Planze fir de pedagogesche Gäert mat e puer wichtegen Informatiounen

Download: Les plantes pour le jardin pédagogique 

 

 

 

GeméistabellGemüsetabelle

Hei fannt dir eng Iwwersiicht vu verschiddene Planze mat Informatiounen zum Virséinen, Ausséinen an och wéini d'Zäit ass fir d'Geméis zeideg ass.

Dës Tabelle kann iech hëllefen d'Planung vum Gaart ze maachen, well dir och Informatiounen zur Mëschkultur kritt.

Download: Gemüse Vorsaat Aussaat Ernte Kalender

 

 

Som

Gutt Auswiel vum Planzesom 

Fir e gutt Gelénge vun engem Gaardeprojet ass déi richteg Auswiel vun de Planzenzorte ganz wichteg.      

D’Auswiel kann no Zäit a Schoulkalenner getraff ginn:  

Soll d'Recolte virun oder no der grousser Vakanz sinn?  =>  Auswiel vun Zorten déi méi oder manner séier wuessen   

Et kann een och méi originell, extra Zorten auswielen, fir d’Kanner virwëtzeg ze maachen a mat hinnen Experimenter duerchzeféieren.  


Fréi a spéit Zorten auswielen:  

  • Fréi Zorte kënne fréi am Joer geséit ginn an hunn eng kuerz Wuestumsdauer. D'Recolte ass am Fréijoer/Summer.
  • Spéit Zorte kënne réischt méi spéit am Fréijoer geséit ginn, brauchen awer méi laang fir zeideg ze ginn. D'Recolte ass am Hierscht/Wanter.

Innerhalb vun enger Aart, ginn et ënnerschiddlech Varietéiten. Wéi eng ass ideal fir an Äre Gaart ? Hei kënnt der Iech zousätzlech Informatiounen eroflueden:

> Choix des variétés des semences 

> Auswahl des Saatguts

Net all Som ass gutt fir d'Biodiversitéit!

> Saatgut ist nicht gleich Saatgut 

Och ass et spannend de Som méi genee unzekucken, grad ewéi seng Methode fir sech ze verbreeden

> Dispersion des graines

Kontakt

CAPTCHA
Enter the characters shown in the image.
This question is for testing whether or not you are a human visitor and to prevent automated spam submissions.

Newsletter

Schreift Iech an eis Newsletter an, fir ëmmer um neiste Stand ze bleiwen.
The subscriber's email address.
Manage existing