E partizipative Projet
Zil vu Léieren am Gaart ass et en Netzwierk tëscht alle pedagogesche Léiergäert opzebauen. Et ass e partizipative Projet vun deem all Member profitéiert, deen awer och duerch seng Membere lieft.
Dir kënnt är Projeten an Erfarungen mat äre Kolleegen deelen andeems der eis e Link op är Gaardesäit vun der Schoul schéckt, souwéi Fotoen oder Dokumenter, déi fir aner Schoulgäertner kënnen interessant sinn.
Wann Dir Member vum Reseau wëllt ginn, kënnt Dir dës Charte mat Äre verschiddene Partner a mat de Kanner a Jonken duerchdiskutéieren.
Wann Dir Member vum Reseau gitt, kënnt Dir:
-
- Är eege Charte de valeurs et de bonnes pratiques horticoles ënnerschreiwen;
- pedagogescht Material austauschen an existent Material benotzen;
- u Weiderbildungen deelhuelen;
- Iech fir eis Newsletter aschreiwen;
- um järleche Seminaire zum Thema De pedagogesche Gaart deelhuelen;
- iwwert dës Websäit Iech informéieren;
- vun der Ënnerstëtzung an der pedagogescher an technescher Berodung profitéieren.
- e pedagogesche Koffer bestellen
- Är Schoul / Maison-relais huet schonn e Gaart
-
Är Schoul / Maison-relais huet schonn e Gaart, dee reegelméisseg benotzt gëtt an Dir wëllt en aktive Member vum Reseau ginn:
- Ënnerschreift d'Charte
- Huelt Kontakt op mat de Verantwortleche vum Projet Léieren am Gaart iwwert de Kontaktformular
- En existente Gaart aktivéieren
-
Dir wëllt en existente Gaart aktivéieren:
- Gitt Member vum Reseau an deems dir d'Charte ënnerschreift.
- Da kënnt eist Team an Äre Gaart, fir d’Problemer ze identifizéieren.
- An hëlleft Iech bei der Sich no lokale Partneren a bei der Opstellung vun engem lokale Comité de gestion.
- Neie Léiergaart opbauen
-
Dir wëllt en neie Léiergaart opbauen:
- Gitt Member vum Reseau. Ënnerschreift d'Charte
- Maacht eng Ufro bei de Verantwortleche vum Projet.
- Da kënnt eist Team op d'Plaz, fir Är Besoinen oder Är Méiglechkeeten ze identifizéieren.
- Eis multidisziplinär Equipe proposéiert eng Skizz an en Devis, deen Är Gemeng oder Är Struktur muss validéieren.
- Den Opbau vum Gaart kann op eng partizipativ Manéier mat enger Partnerorganisatioun (z.B. lokal Reinsertiouns-Organisatioun, Fierschter,...) oder direkt vun der Gemeng gemaach ginn.
- D'Schafung vun engem Comité local de gestion.
- 4 Visitten am éischte Joer, fir den techneschen an edukative Suivi vum Gaart sécherzestellen kënne vun der Ekipp vu Léieren am Gaart ugefrot ginn.
Dir wëllt ons kontaktéieren, eng Fro stellen, eis Feedback ginn oder Iech fir de Reseau umellen, da schreift eis w.e.g iwwert de Kontaktformular.