Schoulhaff Planung

Begréngung vum Terrain ronderëm d’pedagogesch Strukturen

Wat versti mir ënnert dem Terrain ronderëm d’pedagogesch Strukturen?

Dat si virop d’Schoulhäff, awer ronderëm d’Maisons Relais, Foyeren, Crèche fënnt een an der Reegel e bësse Bëton oder och villäicht eng Wiss, déi een zu Biodiversitéitsoasen ëmwandele kann.

E Schoulhaff ass méi ewéi eng Bëtonsfläch fir ze lafen a Fussball ze spillen!

E kann an eng Wuelfilloase voller Kreativitéit, Beweegung a Spill, awer och Naturerfarung an Entspanung ëmgewandelt ginn.

Firwat ass et wichteg den Terrain naturno ze gestalten?

  • Fir d’Ëmwelt an d’Klima
  • Fir d’Wuelbefanne vun de Kanner an Erwuessener
  • Fir dobaussen ze léieren an ze spillen

Wéi kann d’Team vu Léieren am Gaart iech ënnerstëtzen?

  • Aarbechtsgrupp op d’Bee stellen
  • Partizipativ Workshoppen hëllefen ze organiséieren
  • Planungsprozess begleeden, mat Tipps an Tricks
  • Pläng partizipativ gestalten

Dir sidd interesséiert fir den Terrain ronderëm är pedagogesch Struktur partizipativ ëmzegestalten?

Ma da kontaktéier eis, mir hëllefe gäre weider

Kontakt

CAPTCHA
Enter the characters shown in the image.
This question is for testing whether or not you are a human visitor and to prevent automated spam submissions.

Newsletter

Schreift Iech an eis Newsletter an, fir ëmmer um neiste Stand ze bleiwen.
The subscriber's email address.
Manage existing