Pedagogesche Support

Pedagogesche Koffer

Am Kader vum Projet Léieren am Gaart ass e pedagogesche Koffer ausgeschafft ginn. Dës pedagogesch Këscht ass eng Ënnerstëtzung, fir de Léiergaart als Plaz fir Entdeckungen a Léiere mat Kanner a Jonken ze notzen.

Si ass vun der Ekipp Léieren am Gaart vum CIGL-Esch, an enker Zesummenaarbecht mam Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend (SCRIPT), dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, erschafft ginn.

An dëser Këscht fannt Dir souwuel pedagogescht, wéi och technescht Material, dat Iech eng Hëllef ass, fir de Léiergaart d’ganzt Joer iwwert pedagogesch ze gebrauchen. Dir kënnt dës Këscht gäre mat Äre Kolleegen am Gaart deelen, an Dir kënnt se och no Äre Besoinen erweideren.

All Member vum Reseau “Léieren am Gaart” kritt esou eng Këscht zur Verfügung gestallt.

"

 

An der Këscht fannt dir ënnert anerem pedagogesch Planzefichen, Material fir eng Wiederstatioun, verschidde Spiller a Bicher, grad ewéi e puer Tute biologesche lokale Som.

 

Formatiounen

Mir bidden och verschidde Formatiounen un. Sief et eng allgemeng Formatioun fir en Iwwerbléck ze kréien iwwert d'Aarbecht an d'Organisatioun an engem pedagogesche Gaart oder engem grénge Schoulhaff.

Wann dir e Gaart oder eng Emgestaltung vum Schoulhaff plangt: Der essbare Schulhof - von der Betonwüste zum grünen Klassenzimmer

Emol am Joer organiséiere mir e Seminaire zu engem Thema zum pedagogesche Gaart zesumme mam IFEN.

Och kënne mir Formatiounen extra fir är Struktur organiséieren, déi dann ugepasst ass op är Besoinen. Mellt iech dofir einfach bei eis.

 

Newsletter

E mol am Mount schécke mir eng Newsletter mat technesche, pedagogeschen Informatiounen, grad ewéi Neiegkeeten aus dem Reseau an interessant Evenementer oder Projeten.

Mellt iech fir eis Newsletter un.

Kontakt

CAPTCHA
Enter the characters shown in the image.
This question is for testing whether or not you are a human visitor and to prevent automated spam submissions.

Newsletter

Schreift Iech an eis Newsletter an, fir ëmmer um neiste Stand ze bleiwen.
The subscriber's email address.
Manage existing