Organisatioun vum Gaart

An der Klass

Éier et an de Gaart geet, ka vill am Klassesall mat de Kanner beschwaat  ginn:Gartenplanung Klasse

  • Sécherheets- a Verhalensreegele festleeën, zum Beispill: net mat dem Gaardegeschir am Grapp lafen, op déi aner Kanner oppassen, d'Aarbechtsgeschier mat aneren deelen, botzen an ewechraumen, eng Charte ausschaffen, e Poster erstellen, ...
  • déi geleeschten Aarbecht virun der ganzer Klass presentéieren
  • e Gaardentagebuch pro Klass féieren
  • eng Tafel am Gaart opstellen a benotzen (Aarbechte gemaach, nach ze erleedegen, …)
  • Theme festleeën: 1 Haaptthema fir de ganze Gaart, 1 Thema pro Parzell oder 1 Thema pro Klass
    Iddien: Aschenputtel oder Harry Potter 
  • de Gaart no baussen opmaachen: Partnerschaften agoen, zum Beispill Gaart an Heem, Elterevereenegung; Verkaf vun Planzen am Fréijoer, Erntedankfest, gemeinsaamt Iessen, …
  • De Gaart notzen fir Fester am Laf vum Schouljoer

Am Gaart

  • Fir datt d'Aktivitéit am Gaart gutt ofleeft a Spaass mécht, mussen d'Aufgabe gutt preparéiert sinn:
    • Vorsäen Kindera klenge Gruppe schaffen
    • kloer Missiounen am Viraus festleeën
    • reegelméisseg an de Gaart goen, net ze vill pedagogesch plangen (nëmmen e puer Geméisplanzen ubauen)

Hei e puer Beispiller vu Beruffer an Aktivitéiten déi d'Kanner am Gaart kënnen ausprobéieren:

  • Gaardereporter: Gaardentagebuch ausfëllen mat Fotoën, Beschreiwung vun der Aktivitéit, Wieder, Interview, Beobachtung vum Gaart am Laaf vum Joer, …
    Hei fënns du e puer Iddien fir Aktivitéiten zum Thema Gaardereporter: Les reporters du jardin
  • Insektesafari: Beobachtung vun de Liewewiesen am Gaart, Beschreiwung, Bestëmmung, …
  • Gäertner: saisonal Aktivitéit, d .h. séien, planzen, Onkraut rappen, nätzen, …
  • Artisten: Schëlder bastelen a beschrëften, Land-Art, Gaardenexpo organiséieren, …
  • Botanisten: Planz vum Dag sichen a virstellen; z.B. Geméis, Wëllplanz, …
  • Kach: eppes aus dem Gaart preparéieren an zesumme genéissen, z.B.Téi, Kraiderdipp, réit Geméis, …

Loosst Iech Zäit fir de Feedback vun de verschiddene Gruppen.

Hei fannt dir e puer Iddien, Tipps an Tricks fir inklusiv Aktivitéiten am Gaart

An der Schoul

Un éischter Platz kënnt d'Pedagogie am Gaart, duerno eréischt déi gäertneresch Noutwendegkeeten. Fir datt de Léiergaart e Succès gëtt, sollten sech d'Enseignanten, déi mat hirer Klass am Gaart wëllen aktiv sinn, am Viraus zesummesetzen an dës Punkten duerchdiskutéieren :

  • Gaardegrupp grënnen
  • déi 4 W-Froë beäntwerten: Wie mécht Wat, Wou a Wéini?
  • e Léiergaardeplang zesummen opstellen: pedagogech, zäitlech, gäertneresch
  • d'Entretiensaarbecht an de Vakanzen plangen, eventuell aner Partner mat abezéien
  • Aktivitéiten vum Hierscht bis an den nächsten Hierscht plangen
  • en (online) Gaardentagebuch opmaachen

 

Kontakt

CAPTCHA
Enter the characters shown in the image.
This question is for testing whether or not you are a human visitor and to prevent automated spam submissions.

Newsletter

Schreift Iech an eis Newsletter an, fir ëmmer um neiste Stand ze bleiwen.
The subscriber's email address.
Manage existing