Kalenner

 

September   Hierschmount
Gaardenaarbecht:                                                                                                                                                      Reegelméisseg netzen an Onkraut rappen.

Recolte:

  • Fir Blummen a Kraider ze dréchnen,schneit een si am beschten ëm d‘Mëttesstonn. A kleng Bouquete gebonn, kann een si op enger dréchener, lëfteger Plaz ophänken, bis si gedréchent sinn.
  • De Som vun verblitte Planzen dréchne loossen.
  • Zalot, Réidercher, Hierschtkabes, Muerten a Poretten kann een elo aus dem Buedem huelen.
  • Stackbounen a Kornischonge pléckt ee bis spéitstens Enn vum Mount.
  • Elo ass d‘Haaptrecolte vun de Gromperen, wann et geet op engem waarmen, dréchenen Dag.

Séien a planzen:

Pléck- a Schnëttzalot, Réidercher, Mauséiercherszalot, Réidech a Spinat – jee no Wieder kann ee mat dem Séie bis Mëtt vum Mount nach eng gutt Hierschtrecolte erwaarden.

Oktober   Wäimount

Gaardenaarbecht:

  • Reegelméisseg netzen an Onkraut rappen.
  • Bei dréchenem Wieder Som sammelen an dréchne loossen.
  • Verwielte Planzen erausrappen.
  • Schéin héich Planzen a Grieser stoe loossen, fir datt d’Villercher am Wanter eppes ze friesse fannen.

Séien a planzen:

  • Planze vu Blummeknollen und Blummenzwiwwelen (z. B. Tulpen, Krokussen, Hyazinthen, Narzissen).
  • Planze vun Zwiwwelen, Schallotten a Knuewelek.
  • Kanneraktivitéiten:
  • Zopp kachen.
  • Gedréchente Som vu Blummen an Titercher fëllen, beschrëften an dréche lageren.
November   Wantermount

Gaardenaarbecht: 

  • Reegelméisseg am Gaart kucken, ob alles an der Rei ass.

Recolte:

  • Wëll Bieren a Planzen mat Som (z. B. Sonneblummen) ginn elo Fudder fir d‘Villercher.
  • Séien a planzen:
  • Esoulaang wéi et net fréiert, kann een déi lescht Blummenzwiwwele planzen.
  • Bei Wieder ouni Frascht kann een nach Uebsthecke planzen.

Kanneraktivitéiten :

  • Zopp kachen: Kürbis fir Halloween aushielegen.
Dezember   Chrëschtmount

Gaardenaarbecht:

  • De Buedem oplackeren an d’Wuerzelonkraider erausrappen. D’Beeter duerno mat Laf, Stréi oder graffem Kompost iwwerdecken.
  • Eng Mulchschicht aus Laf oder Stréi um Rubbarb erlaabt méi eng fréi Recolte am Fréijoer.
  • D‘Gaardegeschier grëndlech botzen.

Kanneraktivitéiten:

  • Nei Iddie fir d’Fréijoer sammelen (z. B. Dekoratioune bastelen).
  • En Adventskranz mat Gaardematerial bastelen.
  • Vullenhaisercher mat Fudder opriichten.
Januar   Haartmount

Gaardenaarbecht:

  • D’Gaardegeschier grëndlech botzen.
  • Reegelméisseg nom Gaart kucken.

Kanneraktivitéiten:

  • Vullefudder aus Som a Kären preparéieren.
  • E Fudderhaischen bauen.
  • Gebotzten Nistkëschte kann e schonn am Januar ophänken. Vill Villercher gi scho fréi op Wunnengssich a kucken no séchere Plaze fir hiert Nascht.
  • Nei Iddie fir d’Fréijoer sichen, Dekoratioune fir de Gaart bastelen.
  • Iwwerleeën, wéi e Geméis am Gaart soll ugeplanzt ginn.
Februar   Spierkel

Gaardenaarbecht:

  • Reegelméisseg nom Gaart kucken.

Kanneraktivitéiten:

  • De Villercher beim Fudderhaische nokucken.
  • Reegelméisseg Fudder nofëllen.
  • Déi reegelméisseg Gaardenaarbecht pro Klass (Netzen, Onkraut rappen…) plangen.
  • Summerblummen an der Klass virzéien.
Mäerz   Lenz

Gaardenaarbecht:

  • Reegelméisseg nom Gaart kucken.

Séien a planzen:

  • Uebsthecke planzen (Hammbier, rout Kréischelen, déck Kréischelen, Schwaarzbier, Päerdsbier).
  • Fréi a mëttelfréi Muerte kënnen schonn vum Mäerz un an de Buedem geséit ginn.
  • Eejäreg Kraider (z. B. verschidden Zorte Basilikum) kann ee schon um Fënsterbriet virzéien.

Kanneraktivitéiten:

  • Entdecke vun den éischte Fréijoersblummen. 
  • D‘Gaardeparzellen mat der Mëschkultur-Tabell plangen an passend Schëlder virbereeden.
  • Mat dem Bau vun engem Insektenhotel ufänken.
  • Am Gaart schaffen, wann de Buedem dréchen a waarm ass.
Abrëll   Fréileng

Gaardenaarbecht:

  • Lescht Virbereedunge vun de Beeter fir d‘Kulturen virgesinn.
  • Nei ausgeséite Geméis a jonk Planze reegelméisseg netzen, Onkraut rappen an de Buedem oplackeren.
  • Geméisreienmulchen.

Séien a planzen:

  • Déi éischt Geméiszorten séien.
  • Am Ufank vum Mount: Courgetten, Tomaten, Kornischongen a Kürbissen op der Fënsterbänk virzéien an Mëtt Mee an de Gaart planzen.
  • Kraider séien
  • Summerblummen séien.
  • Fréi a mëttelfréi Gromperenzorte planzen.

Kanneraktivitéiten:

  • Bei allem, wat geséit gëtt, dat passend Schëld derbäistellen.
  • Geméis an Dëppercher op der Fënsterbänk virzéien.
  • Um Insektenhotel weiderschaffen.

 

Mee   Mee

Gaardenaarbecht:

  • Tëscht de Geméisreie mulchen (Grasschnëtt…).
  • Äerdbier mat Stréi mulchen, fir datt d’Friichten dréche an d’Fiichtegkeet am Buedem bleift.
  • Schleeken sammelen an baussent dem Gaart aussetzen.
  • Verblitte Fréijoersblummen zréckschneiden oder op eng anerer Plaz verplanzen.
  • Reegelméisseg netzen, Onkraut rappen an de Buedem oplackeren.

Séien-planzen:

  • All déi Geméiszorten séien, déi et gären méi waarm hunn: Bounen, Muerten, Rout Rommelen, Schalotten, Zwiwwelen.....
  • Déi virgezunne Planzen kennen no den Eishellegen (Mëtt Mee) an de Gaart geplanzt ginn.
  • Spéit Gromperenzorte planzen.

Recolte:

  • Éischt Recolte vun Réidercher, Zalot, Spinat, Rubbarb a Kraider.

Kanneraktivitéiten:

  • Zesummen eng Fréijoerszalot preparéieren, eng Rubbarbstaart oder -kompott.
  • En Haische fir Ouereschlëffer bastelen an an d‘Uebstbeem hänken.
  • E Grompere-Labyrinth bauen a beobachten wéi de Keim vun enger Gromper sech säi Wee sicht.
  • Um Insektenhotel weiderschaffen.
Juni   Broochmount

Gaardenaarbecht:

  • Reegelméisseg netzen an Onkraut rappen.
  • Reegelméisseg de Buedem op béiden Saïten vun de Geméisreien lackeren.
  • Courgetten a Kürbissen, Ierbessen, Tomaten a Bounen laanscht d‘Spaléier an d’Luucht wuesse loossen.
  • Tomate reegelméisseg ausgäizen.
  • Ze dicht ausgeséite Reien auslichten: z. B. kleng Muerteplanzen erauszéien, sou datt déi aner genuch Plaz fir ze wuessen hunn.
  • Gromperekraut kontrolléieren, fir datt sech déi rout Larve vum Gromperekiewerlek net verbreeden (Larve mat der Hand sammelen).
  • Geméisreie mat Stréi, Grasschnëtt oder anerem Gréngmaterial mulchen, fir datt d’Fiichtegkeet am Buedem bleift an d’Onkraut net ze séier nowiisst.

Séien:

  • Vill Geméiszorte wéi Zalot, Bounen, Ierbessen a Kabeszorte kënnen nach geséit ginn.
  • Réidercher reegelméisseg recoltéieren an noséien.
Juli   Heemount

Gaardenaarbecht:

  • Reegelméisseg netzen an Onkraut rappen.
  • Uebsthecke wärend dréchene Periode gutt netzen.
  • Courgettë plécken, éier si ze grouss ginn.
  • Gromperekraut kontrolléieren, fir datt sech déi rout Larven vum Gromperekiewerlek net verbreeden (Larve mat der Hand sammelen).

Recolte:

  • Ierbessen an déck Bounen plécken. D’Planzen léisst een am Buedem stoen, fir datt d’Wuerzele mat hire Knëllchebakterien de Stéckstoff aus der Loft kënnen ophuelen.
  • Fréi Gromperen kënnen erausgeholl ginn, wann d’Schuel fest ass an een se net méi mam Daum kann ofreiwen.

Séien a planzen :

  • Stecklinge vun Estragon, Zitrounemeliss, Peffermënz a Lavendel an Dëppercher planzen.
 
August   Karschnatz

Gaardenaarbecht:

  • Reegelméisseg netzen an Onkraut rappen.
  • Tomateplanzen mussen all fënnef bis sechs Deeg ausgegäizt ginn. Ee liicht Kappen hält de Buedem  fräi vun Onkraut a lackert en op, esou datt Loft dra kënnt.
  • An déi eidel Parzelle ka Gréngdünger ugeséit ginn.

Recolte:

  • Tomaten, Kornischongen, Courgetten, Zelleri, Bounen, Paprika a Kürbissen.

Séien a planzen:

  • Chineesesche Kabes, Réidech, Mauséiercherszalot a Fréijoerszwiwwele kënne nach fir eng spéit Recolte geséit ginn.
 

Kontakt

Newsletter

Schreift Iech an eis Newsletter an, fir ëmmer um neiste Stand ze bleiwen.
The subscriber's email address.
The subscriber's preferred language.