Cycle 3
Matgesfeld Gemeng Suessem
Eist Zil um Matgesfeld ass et, fir Grouss a Kleng erëm méi a Kontakt mat der Natur ze bréngen an Natur- an Ëmweltschutz iwwert de Wee vun der Ëmweltbildung nohalteg ze fërderen.
Zentralschoul Remerschen
Mir ginn als Klass an de Gaart. Et ginn awer och Momenter wou Grousser aus dem C4/C3 mat den Klengen vu C1 zesummen am Gaart schaffen. Déi Zesummenaarbecht bréngt den Kanner immens vill.
Si léieren wat e Gaart ass, vill Leit hunn leider déi Zäit net méi fir een ze hunn. D'Kanner léieren wéi eng Planz sech entwéckelt, wat se brauch, wat fir Responsabilitéiten domat zesummenhänken...
Schoulzenter Reuler
Een vun de wichtegen Ziler ass et fir de Kanner d'Natur ze verstoen ze gin.
Ze gesin wou eis Liewensmëttel hirkommen, wéi se ausgesin, wéi se schmaachen...
Wéi geet ee mat der Natur-Planzen- an Déierewelt respektvoll an ouni Pestiziden ëm?
Ecole fondamentale de Lorentzweiler
Haaptzil ass, datt d'Kanner Freed un der Gaardenaarbécht a Respekt virun der Natur an hire Bewunner entwéckelen a sech mat hirem Gaart identifizéieren. Niewt dem Pfleege vun de Gaardebeeter an dem Verschaffen vun dem Uebst a Geméis, dat si gezillt hunn, leeë mir Wäert drop, si an d'Gestaltung vun hirem Gaart matanzebannen an all gréisser Projeten (Setzen vun Hecken, Uleeën vu Frühblüherbeeter, Steekoup uleeën...) mat hinnen zesummen ze realiséieren. Dobäi léiere si fächeriwwergräifend, inklusiv a mat alle Sënner.
Kalendula
Jardin pédagogique pour les enfants à partir de deux ans. Activités autour des thèmes de l'alimentation saine, la biodiversité au jardin, les 5 sens, l'école au jardin, le potager biologique.
Pagination
- Previous page
- Page 2