
Geméis: rout Rommelen, Muerten, Kabes, Kürbis, Zucchini, Saubounen, Bounen, Mauséiercherszalot, Mais, Zwiwwelen, Ierbessen, Paprika, Gromperen, Réidercher, Zalot, Tomat, Spinat, Mangold, Kolrabi, Poretten,
Kraider: Basilikum, Bratzelen, Peffermënz, Péiterséileg, Rosmarin, Thymian
Iessbar Blummen: Borretsch, Réngelblumm, Kapuzinnerkresse, sténkegen Houfert
Uebst: Hammbier, Äerdbier, Kréischelen
Mei Informatiounen zu verschiddenen Aarten a weider technesch Informatioune fannt dir hei:
> Eng Auswiel un interessante Planzen: Les plantes pour le jardin pédagogique
> Kraider: Kräuter im Garten
> Blummen: Essbare Blumen
> Hecken a Beem: Bäume und Sträucher
Dir wëllt mat de Kanner planzen oder séien? Da fannt dir hei e puer Uleedungen an Tipps:
> Plantation de vivaces en automne pour une floraison au printemps
> Pflanzen von Obstbäumen
> Pflanzen von Knollen und Zwiebeln
> Saatband für dunkelkeimendes Gemüse
> Gründünger
> Vermehrung durch Stecklinge
Wéie Som solle mir am pedagogesche Gaart benotzen?
Fir e gutt Gelénge vun engem Gaardeprojet ass déi richteg Auswiel vun de Planzenzorte ganz wichteg. Hei e puer Tipps fir d’Auswiel vum Som:
- Passt op, dass dir Zorte wielt, déi an äre Kalenner passen. Wielt dofir fréi an/oder spéit Zorten.
- Wëllt dir, dass d’Kanner neit Geméis kenneléieren? Wielt onbekannt Geméiszorten.
- No Méiglechkeet sollt een ëmmer op biologeschen a lokale Som zeréckgräifen
- Keen „F1“ Hybrid-Geseems benotzen.
- Oppassen, dass de Som net ze al ass, well e soss net méi gutt kéngt. Dofir kann een e Keimtest maachen.
- Och kënnt dir ären eegene Som benotzen
Hei fannt dir e puer Recommandatioune a weider Informatiounen mat interessante Varietéite fir de pedagogesche Gaart:
> Auswahl des Saatguts
Och ass et spannend, sech de Som méi genee unzekucken, grad ewéi seng Methode fir sech ze verbreeden:
> Dispersion des graines
De Buedem ass elementar fir de gudde Wuesstum vun de Planzen an déngt als Waasser- an Närstoffspäicher. Dofir ass et immens wichteg e liewege Buedem ze erhalen an ze pfleegen.
Hei fannt dir méi Informatiounen zum Buedem, Kompost a Co.
> Verschiedene Bodentypen und Gemüseanbau
> Kompost
> Aufbau Hochbeet
> Starkregen und Schneckenalarm
> Pestizidfräie Gaart: Kampagne "Ouni Pestiziden": Ouni Pestiziden
