Cycle 1

Zentralschoul Remerschen

Mir ginn als Klass an de Gaart. Et ginn awer och Momenter wou Grousser aus dem C4/C3 mat den Klengen vu C1 zesummen am Gaart schaffen. Déi Zesummenaarbecht bréngt den Kanner immens vill.

Si léieren wat e Gaart ass, vill Leit hunn leider déi Zäit net méi fir een ze hunn. D'Kanner léieren wéi eng Planz sech entwéckelt, wat se brauch, wat fir Responsabilitéiten domat zesummenhänken...

Schoulzenter Reuler

Een vun de wichtegen Ziler ass et fir de Kanner d'Natur ze verstoen ze gin.
Ze gesin wou eis Liewensmëttel hirkommen, wéi se ausgesin, wéi se schmaachen...
Wéi geet ee mat der Natur-Planzen- an Déierewelt respektvoll an ouni Pestiziden ëm?

Villa Reebou Wëntger

De Gaart erméiglecht et ëmmer nees Neies z'entdecken a nei Projeten zesumme mat de Kanner unzegoen. Doduerch dass d'Kanner sech als Team ëm hir eeje Parzell am Gaart këmmeren, entscheeden si vun Ufank u mat, wat si séinen a planzen a fillen sech sou och mat responsabel fir hire Gärtchen ze pfleegen. Nët nëmmen d'Kanner mä duerch de Gaart sinn och vill Elteren déi sech mat engagéieren a sou een aneren Zougang zu der Schoul kréien.

Kontakt

MENJEMECDDMAVDRCIGLEESCH