En neien Gaart plangen

Checklëscht

 

Checklëscht mat Froen, déi am Virfeld vun der Gaardeplanung gekläert gi mussen:

 

1. Wee wäert am Gaart schaffen?

Fir wien soll de Gaart ageriicht ginn?

  • Schüler aus der Grondschoul
  • Kanner aus der Maison Relais
  • Lycéesschüler


Wee soll am Gaart schaffen?

  • Alter vun de Schüler
  • Schüler mat Besoins spécifiques?
  • Gruppegréisst vun de Kanner déi am Gaart zesummen aktiv solle sinn
  • Wéi oft soll de Gaart genotzt ginn ? Deeg/Woch, Joreszäiten, Vakanz
  • Dauer vun de Aktivitéiten am Gaart
  • Wee betreit d’Kanner bei der Gaardenaarbecht?
  • Hunn d’Betreier Erfarung am Gaardeberäich?
  • Ween ass verantwortlech fir de Gaart (wärend der Schoulzäit, wärend der Vakanz) ?
     

Op Basis vun den Äntwerten op dës Froen kann een sech Gedanken maachen iwwert
d’Géisst an d’Lag vum Gaart.

2. Wou ass et méiglech?

Wéi ass d’Lag vum zukünftege Gaart ?

  • Gréisst : ofhängeg vun der Zuel vun Gruppen/Klassen déi de Gaart benotze wëllen
  • Lag: direkt bei der Schoul, eventuell Stéierungen vum Unterrecht?
  • Topographie : flaach, am Hang, mat engem Rollstull erréchbar...
  • Wéi ass de Buedem? Macadam, Wiss, Schotter..... ass eng Buedemanalys néideg?
  • Ausriichtung (Sonn/Schied): Wéi vill Stonnen ass de Gaart an der Sonn? Abrëll –September sinn op mannst 6 Stonnen Sonn néideg ...
  • Ass e Waasseruschloss direkt an der Géigend oder kann en Uschloss ugeluecht ginn?
3. Firwat gëtt de pedagogesche Gaart ugeluecht??

Abezéiung vun de Schoulfächer ? Wéi eng?

  • Wéi eng pedagogesch Zieler sollen erreecht ginn?
  • Kann de Gaart mat aneren Ariichtungen gedeelt ginn? Altersheim, Refugiéë, Gaardeverein, lokal Veräiner...
  • Wéi soll d’Rekolt genotzt ginn?
4. Wat sollt an engem Gaart sinn?

Wéi eng Elementer sollen ugeluecht ginn?

  • Sollen/kënnen Hochbeeter gebaut ginn?
  • Wëll een en Hochbeet fir Leit am Rollstull plangen?
  • Kann en Hügelbeet ugeluecht ginn?
  • Besteet d’Méiglechkeet fir eng Geschierkëscht oder e Schapp ze bauen?
  • Ass genuch Plaz do fir Dëscher a Bänken (wéi vill sinn der néideg?)
  • Soll eng Feierplaz matgeplangt ginn?
  • Ass genuch Plaz fir eng Zär?
  • Ass genuch Plaz fir Kautschen (Frühbeeter) oder e Folientunnel?
  • Wou kann eng Kompostkëscht opgebaut ginn?
  • Brauch een e Sonneschutz iwwert dem Dësch an de Sëtzméiglechkeeten?
  • Besteet d’Méiglechkeet fir eng kleng Waasserfläch unzeléien?
  • Gëtt et en Zonk wou Kloterplanzen eropwuesse kënnen?
  • Ass Plaz fir en Tipi mat Kloterplanzen opzeriichten?
  • Ass eng Plaz do fir eng Meteosstatioun, eng Infotafel, en Insektenhotel opzestellen?

Wéi eng Planzen sollen am Gaart ugeplanzt ginn?

  • Geméis: wéi eng Aarten? Vun enger Aart verschidden Zorten?
  • Uebst: Hammbier, Kréischelen, Rubbarb, Äerdbier, ...
  • Kraider: Een- a méijäreger
  • Uebstbeem : Spaléierbeem, ...
  • Einheimesch Hecken
  • Blummewiss an iessbar Blummen
  • Stauden : méijäreg Blummen
5. Wéi sollt e pedagogesche Gaart ugeluecht ginn?
  • Schafen vun enger Aarbechtsgrupp mat den interesséierten Pedagogen
  • Ufro fir d’ Geneemegung fir e Léiergaart anzeriichten
  • De Gaart als Joresprojet vun der ganzer Schoul plangen
  • D’Kanner an d’Planung mat abezéien: Workshoppen, Maquetten, Zéchnungen, ...
  • Virstellen vun de Kanner hiren Iddien virun den Elteren an de Gemengeresponsabelen
  • Uleeën vum Gaart zesummen mat de Kanner, den Elteren, anere Partner
  • Organisatioun vun der Gaardenaarbecht wärend de Vakanzen

Wéi eng Partner kënnen bei der Planung, dem Opbau, dem Ënnerhalt an den Aktivitéiten mat de Schüler hëllefräich sinn? De Schoulgaart soll och e soziale Projet sinn.

  • D‘Schouldirektioun
  • D’Enseignanten, Educatricen an Educateuren
  • D‘Schüler
  • D‘Elteren (-vereenegung)
  • De Concierge
  • D‘technesch Personal
  • De Kach, d’Kichepersonal
  • D‘Gemengeverantwortlech
  • D‘Gemengenaarbechter
  • Privat Kannerbetreiungsstrukturen
  • Lokal Veräiner: Gaart an Heem, Club des Jeunes, ...
  • Altersheem, Fleegeheem, ...
     

No dëser Bestandsopnam sollt ee wëssen:

  • Noutwendeg Buedem- an Terrasséirungsaarbechten: Réalisatioun, Käschten ...
  • Zuel vun de Gaardeparzellen
  • Bordüren vun de Gardeparzellen (Brieder, Bamstämm, Sténg, ...) : Wie baut se? Käschten, ...
  • Zuel vun den Hochbeeter / Kautschen. Gréisst ? Wie baut se? Material – nei, recycléiert? Käschten, ...
  • Wéi eng aner Strukturen solle gebaut ginn? Schapp/Këscht fir d’Material, Bänken, Dëscher, ...  – wéi vill?
  • Zär, Kraiderspiral, Kompstkëschten, Feierplaz, Sonneschutz, ...
  • Muss eng Zouleitung fir d‘Waasser ugeluecht ginn?
  • Wéi vill Klassen/Kanner kommen pro Joer an de Gaart?
  • Wéi oft pro Woch/pro Mount/pro Trimester kënnt all Klass an de Gaart?
  • Gëtt et Parzellen pro Klass oder Gemeinschaftsparzellen?
  • Wéi eng pedagogesch Themen ginn am Gaart behandelt?
  • Sinn Treffen tëschent Enseignanten, Educatricen an Educateuren, déi de Gaart betreien, virgesinn?
  • Wie betreit de Gaart an der Vakanz?
  • Gëtt et e Budget fir déi järlech Onkäschten: Som, Buedem, Material, ...

 

Technesch Planung

 

Choix des variétés

> Download

Ernte-Kalender

> Download

Les plantes pour le jardin pédagogique

> Download

 

Organisatioun

 

An der Klass

Éier et an de Gaart geet, ka vill am Klassesall mat de Kanner beschwaat  ginn:

  • d'Kanner vun Ufank u mat abannen: Uleeë vum Gaart, Thema, Plangen, Auswiel a Kaf vum Som, ...
  • Sécherheets- a Verhalensreegele festleeën, zum Beispill: net mat dem Gaardegeschir am Grapp lafen, op déi aner Kanner oppassen, d'Aarbechtsgeschier mat aneren deelen, botzen an ewechraumen, eng Charte ausschaffen, e Poster erstellen, ...

  • déi geleeschten Aarbecht virun der ganzer Klass presentéieren
  • e Gaardentagebuch pro Klass féieren

  • engTafel am Gaart opstellen a benotzen (Aarbechte gemaach, nach ze erleedegen, …)

  • Theme festleeën: 1 Haaptthema fir de ganze Gaart, 1 Thema pro Parzell oder 1 Thema pro Klass
  • de Gaart no baussen opmaachen: Partnerschaften agoen, zum Beispill Gaart an Heem, Elterevereenegung; Verkaf vun Planzen am Fréijoer, Erntedankfest, gemeinsaamt Iessen, …

 

Am Gaart
  • Fir datt d'Aktivitéit am Gaart gutt ofleeft a Spaass mécht, mussen d'Aufgabe gutt preparéiert sinn:

  • a klenge Gruppe schaffen
  • kloer Missiounen am Viraus festleeën
  • reegelméisseg an de Gaart goen, net ze vill pedagogesch plangen (nëmmen e puer Geméisplanzen ubauen)

Hei e puer Beispiller vu Beruffer an Aktivitéiten déi d'Kanner am Gaart kënnen ausprobéieren:

  • Gaardereporter: Gaardentagebuch ausfëllen mat Fotoën, Beschreiwung vun der Aktivitéit, Wieder, Interview, Beobachtung vum Gaart am Laaf vum Joer, …
  • Insektesafari: Beobachtung vun de Liewewiesen am Gaart, Beschreiwung, Bestëmmung, …
  • Gäertner: saisonal Aktivitéit, d .h. séien, planzen, Onkraut rappen, nätzen, …
  • Artisten: Schëlder bastelen a beschrëften, Land-Art, Gaardenexpo organiséieren, …
  • Botanisten: Planz vum Dag sichen a virstellen; z.B. Geméis, Wëllplanz, …
  • Kach: eppes aus dem Gaart preparéieren an zesumme genéissen, z.B.Téi, Kraiderdipp, réit Geméis, …

Loosst Iech Zäit fir de Feedback vun de verschiddene Gruppen.

An der Schoul

Un éischter Platz kënnt d'Pedagogie am Gaart, duerno eréischt déi gäertneresch Noutwendegkeeten. Fir datt de Léiergaart e Succès gëtt, sollten sech d'Enseignanten, déi mat hirer Klass am Gaart wëllen aktiv sinn, am Viraus zesummesetzen an dës Punkten duerchdiskutéieren :

  • Gaardegrupp grënnen
  • déi 4 W-Froë beäntwerten: Wie mécht Wat, Wou a Wéini?
  • e Léiergaardeplang zesummen opstellen: pedagogech, zäitlech, gäertneresch
  • d'Entretiensaarbecht an de Vakanzen plangen, eventuell aner Partner mat abezéien
  • Aktivitéiten vum Hierscht bis an den nächsten Hierscht plangen
  • en (online) Gaardentagebuch opmaachen

 

 

Kontakt

MENJEMECDDMAVDRCIGLEESCH