Dës Geméis-, Kraider- a Blummefichen fannt der am pedagogesche Koffer. Dëse Koffer kritt der wann der Member vum Reseau Léieren am Gaart gitt. Si kënnen souwuel an der Klass wéi och am Gaart genotzt ginn, fir déi verschidden Planzen kenne ze léieren a méi iwwert si gewuer ze ginn.
Som
Gutt Auswiel vum Planzesom
- Fir e gutt Geléngen vun engem Gaardeprojet ass déi richteg Auswiel vun de Planzenzorten ganz wichteg.
- D’Auswiel kann no Zäit a Schoulkalenner getraff ginn:
- Recolte virun oder no der grousser Vakanz – Auswiel vun Zorten déi méi oder manner séier wuessen
- Fréi a spéit Zorten auswielen:
- Fréi Zorten: kënne fréi am Joer geséit ginn an hunn eng kuerz Wuestumsdauer bis zur Recolte am Fréijoer/Summer
- Spéit Zorten: kënne réischt méi spéit am Fréijoer geséit ginn a brauchen méi laang fir zeideg ze ginn -am Hierscht/Wanter
- Et kann een och méi originell, extra Zorten auswielen, fir d’Kanner virwëtzeg ze maachen an mat hinnen Experimenter duerchzeféieren.
> Choix des variétés des semences
> Saatgut ist nicht gleich Saatgut