Waasser ass e wichtegt Thema am Gaart.
Et soll een spuersam mam Waasser am Gaart ëmgoen. Am beschten ass Reewaasser fir d‘Planzen.
E puer Iddien fir d’Waasser am Gaart ze schounen:
- E Faass an de Gaart stellen fir Reewaasser ze sammelen
- Am Summer mat Stréi, Hee oder Grasschnëtt mulchen
- Mueres netzen
- Vermeiden op d’Blieder ze netzen
- Net ze oft netzen fir dass d’Planz seng Wuerzelen déif entwéckelt