De Projet Léieren am Gaart – Reseau Lëtzebuerg ass eng Initiativ vum Service éducatif Kalendula vum CIGL-Esch, an Zesummenaarbecht a mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an dem Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung.
Zil vum Projet ass et, en Netz vu pedagogesche Gäert opzebauen, fir d'Kreatioun an d'didaktesch Notzung vun dëse Gäert ze ënnerstëtzen, iwwer de Wee vun enger fachlecher Begleedung vun allen Akteuren.
De Projet huet 2021 ugefaang mat enger Bestandsopnam vun der Situatioun vun den pedagogesche Gäert zu Lëtzebuerg. All Primärschoulen, Lycéeën, Maison-relaisen sinn ugeschriwwe ginn, fir bei der Enquête matzemaachen.
82 pedagogesch Strukturen hunn op de Questionnaire geäntwert. Dovunner hat schonn d'Hallschent e Schoulgaart, an dës Strukturen hunn sech gemellt, fir Member am Reseau Léieren am Gaart ze ginn.
Wann Dir méi Informatiounen iwwert de Reseau sicht, oder wann Dir och Member vum Reseau Léieren am Gaart wëllt ginn, da kuckt an der Rubrik „Austausch“.